D'Musek firum neien Sall 1937

 

1904 – 2004: 100 Joer Reckenger Musek

"Es gibt so wenige glückliche und zufriedene Menschen. Der Schmerz und die Unruhe verfolgen uns überall. Vielleicht wird die Musik eine Quelle sein, an der die verängstigten und bedrückten Menschen für einige Augenblicke Ruhe und Frische schöpfen können." (J. Haydn)

Déi éischt 30 Joer …

An engem Veräin ass et wéi an engem Mënscheliewen. Vun Zäit zu Zäit bleiwt een op engem Punkt stoen, et kuckt een zréck an et mécht een de Bilan vun engem Zäitofschnëtt deen eriwwer ass. Do gesäit een da munches wat een hätt kënne besser maachen, munches wat gutt vergaangen ass an och munches wat flott war.

Wa mer 100 Joer am Veräinsliewen vun eiser Musek zréckbliederen, da fale mer op d’Joer 1904. Deemools huet d’Iddi, dass eng Stad eng Musek misst hunn, ëm sech gegraff a sech bis an eis Dierfer era verbreed. Och Reckeng wollt net zréckstoen, an 28 Leit hu sech zesummefond, fir hei eng Musek op d’Been ze stellen. D’Nimm vun dëse Pionéier sinn:

Anton Eugène
Bosseler Jos
Bosseler Jules
Frantz Fr.
Gaasch Nic.
Gindt Jean
Grethen Ed.
Greten Ferd.
Jung J.P.
Kalmes Ferd.
Kalmes Nic.
Kettenmeyer Nic.
Kieffer Erny
Knepper Egide
Kugener Nic.
Kremer Eugène
Petry Alf.
Pütz Nic.
Polfer J.P.
Raas J.P.
Rolgen J.P.
Rolgen Pierre
Rollinger Jos
Schmit Jos
Steffen J.P.
Tinnes Nic.
Think Fr.
Weis Mich. 

An der Grënnungsversammlung den 1te Januar 1904 am Sall vum Café Gaasch (Haus genannt "Lohesch") goufen d’Statuten ausgeschafft an et gouf och direkt e Komitee gewielt. Éischte Präsident war den Här Jean Kieffer, Vize-Präsident den Här Ferd. Greten, Sekretär den Här Eug. Anton, Keessier den Här Nic. Gaasch a Memberen d’Hären Egide Knepper, Eugène Kremer an Nic. Kettenmeyer.

Den éischte Schrëtt war gemaach an d’Musek ënnert dem Numm "Harmonie Reckange-Roedgen" gebuer. Mär kënnen net anescht wéi den Hutt zéien virum Mutt deen déi Leit deemools fir d’Saach opbruecht hunn. Deemools huet net jiddereen erkannt, wat eng Musek zur Beliewung an zur Verschéinerung vum Duerfliewen bäidréit, a munch een huet sech einfach dergéint gestallt well d’Saach vill Geld kascht huet.

Geld huet se kascht, an net ze knapps, well et hu missen Instrumenter a Partituren ugeschaft ginn. Fir Uniforme waren um Ufank keng Suen do. Am Keessebuch fanne mer d’Notiz, dass 1'588 Frang (39,37 Euro) néideg waren fir dat Allernoutwennegst ze kafen. Dat war deemools eng schéi Staang Geld, wann ee bedenkt, dass e gudden Aarbechter 3 Frang (0,07 Euro) den Dag verdingt huet. Déi Schold gouf sträppweis ofgedroen duerch fräiwëlleg Spenden vun aktive Memberen oder soss Frënn vun der Musek an aus dem Duerf.

Ma nu konnt et lass goen. Den éischten Dirigent war den Här Pütz; a wéi et schéngt huet et dëse Mann sou munch Drëps Schweess kascht, bis den éischte Marsch geblose konnt ginn. Nu je, Schweess huet eng Museksprouf nach ëmmer kascht; ma wat näischt kascht, dat ass och näischt. An op der Kiermes huet ee fir d’éischt den Hämmelsmarsch an de Stroosse vun eisen Dierfer héiren.

Bei eng richteg Musek gehéiert awer och e Fändel. Och wann d’Keess net déck gefëllt war, gouf 1906 deen éischte Fändel ugeschaft. Hie war dräieckeg an aus roudem Samet. Datselwecht Joer gouf d’Gesellschaft Member vun der „Union Grand-Duc Adolphe“ (UGDA), dem Daachverband vun de lëtzebuerger Museken.

Trotz finanzieller a materieller Schwieregkeeten, an och muncher Kris, wéi den éischte Weltkrich, huet d’Musek hir éischt Joren gemeeschtert an no beschtem Kënnen zur Verschéinerung vun den Duerffeieren bäigedroen. Ënnert villem aneren huet se sech 1933 och un der Grondsteenfeier vun der neier Reckenger Kierch bedeelegt. Niewt Concerten an den Dierfer vun der Gemeng huet d’Musek awer och bei auswärtege Feierlechkeeten matgemaach. Déi laang Wanterowenter goufen och duerch Theateropféierungen verkierzt. 

Den éischte gréissere Meilesteen an der Geschicht vun der Reckenger Musek war dat 30-jähregt Stëftungsfest den 29. Juli 1934. Um Virowend war e Fakelzuch duerch Reckeng a Riedgen an um Dag selwer gouf am ganzen Duerf mat befrënnte Gesellschaften gefeiert.

 

Wéi eise Museksall entstanen ass …

An der Festschrëft vun 1954 steet: „Wien d’Strooss vun der Gare erof kënnt, dee begéint lénker Hand ee schéine proppere Bau. Et ass eise Museksall. Eng Schrëft, déi op der Fassad ubruecht ass, seet: Harmonie Reckange-Roedgen 1935. An deem Joer gouf de Sall färdeggestallt.“ Mat der Strooss vun der Gare erof ass déi heiteg Huelstrooss gemengt, déi fréier zur Dräi-Kantons-Strooss gehéiert huet.

Vum Grënnungsjoer 1904 un hat d’Musek kee richtegt Doheem. Et gouf ofwiesselnd am Sall vum Café Gaasch, an der zäitweileg eideler Dingschtwunneng iwwert déer aler Schoul, oder och am Hierdenhaus geprouwt. Duerch dësen Hin an Hier gouf d’Veräinsliewen natierlech net grad gefördert. Fir dëse Schwieregkeeten en Enn ze setzen, gouf an der Generalversammlung vum 27. Oktober 1934 beschloss, dem Veräin en eegent Heem ze bauen.

Dat war méi séier gesot wéi gemaach. E Bau kascht vill Geld, an d’Musek war deemools net ganz déck do (Se war et ni richteg a se ass et haut och nach ëmmer net.), fir d’Konstruktioun einfach engem Enterpreneur ze iwwerginn. Et huet eng aner Méiglechkeet misse gesicht ginn. An deem Ablack hunn d’Memberen vun der Musek gewisen, wat si fir hire Veräin iwreg haten. Si hunn nämlech beschloss, de Sall selwer ze bauen. Jidfereen huet versprach, en Aarbechtspensum vun 150 Stonnen ze leeschten. Et gouf dann och e Bauvorstand gegrënnt mat den Hären J.-P. Bosseler, J.-P. Dondlinger, Eg. Greten, J.-P. Hilger, P. Scheer, Nic. Schumann an J.-P. Weis.

D’Bauplaz gouf der Musek vun hirem deemoolege Präsident, dem Här J.-P. Hilger, gratis iwwerlooss, wat e schéinen a generéise Geste war. Mä och d’Memberen wollten net zréckstoen. D’Baupläng goufe vum Här Christophe Christophory gezeechent. Enterpreneur war den Här Pierre Scheer, Bauführer den Här Albert Dondlinger, mam Här J.-P. Bosseler als Viraarbechter. D’Daachgespär, d’Bühn, de Plafong an de Buedem sinn d’Wierk vum Här Nicolas Jung mat der Hëllef vun den Hären Victor Proth a Christophe Petry. Den J.-P. Weis huet d’Schlesser- a Schmatt-Aarbechten duerchgefouert. De Jos Schumann huet d’Elektresch installéiert. Just fir Leitungs- an Daachdeck-Aarbechten waren net déi richteg Handwierker an der Musek.

Déi, déi Gefierer haten, hunn d’Baumaterialien erbäibruecht. Fréimoies sinn 25 bis 30 Teimeren an der Rei an d’Stad, op Esch oder op Mamer gezun a sinn dann méi spéit schwéier gelueden mat Kresi, Sand an Zement zeréckkomm. Dës Fahrten hunn oft dee ganze Moie gedauert, an awer huet keen dru geduecht, eppes fir de Fouerloun ze begieren. A munch säftege Kënnbaak huet matgehollef verschidde Bedenken beim Ofweien oder Ofzielen vergiessen ze doen.

Soubal genuch Wuer beienee war, sinn Zille gepresst ginn. Den Atelier gouf an der Scheier vum Här René Braun ageriicht. De ganze Wanter gouf geschëppt a geschweesst, a wéi d’Fréijoer do war, konnt et mam Baue lass goen. Jidfereen huet matgehollef an och am Summer gouf, trotz schwéirer Feldaarbecht, bis spéit an d’Nuecht um Bau geschafft, well fir Chrëschtdag sollt deen traditionelle Familljenowend am neie Sall sinn.

Wat kee gegleeft hat, ass awer méiglech ginn. De 24. Dezember 1935 stung der Musek hiren neie Sall do. E puer méi kleng Aarbechten sinn nach am Februar 1936 fäerdeggemaach ginn. An nach haut ginn d’Prouwen vun der Musek an dësem Sall ofgehalen.

Déi lescht Zill gëtt geluecht 1935

 

Am neie Sall …

Och déi Zäit wéi de Sall gebaut gouf, ass net opgehale gi Musek ze maachen. Wéi den deemolegen Dirigent, den Här Logelin, aus berufflege Grënn de 27. Abrëll 1935 demissionéiert huet, ass de Sous-Chef Egide Greten mat de Prouwe weidergefuer. Den 12. Januar 1937 huet d’Generalversammlung dunn wéinst de finanzielle Schwieregkeete vun der Musek decidéiert kee professionellen Dirigent anzestellen, mä dass d’Hären Egide Greten an J.-P. Bosseler sech beim Proufhalen ofwiessele sollten, wat si dann och onentgeltlech fir hire Veräin gemaach hunn. Fir Suen an d’Kees ze kréien, huet eng Theatersektioun aus aktiven an inaktive Memberen vun der Musek ënnert der Leedung vun hirem Regisseur J.-P. Bosseler gespillt.

Mä alles war ze schéin fir laang ze daueren. Kaum waren d’Onofhängegkeetsfeieren am Joer 1939 eriwwer, huet d’Musek hir Aktivitéite wéinst dem zweete Weltkrich missten astellen. 1939 war d’Musek awer och nach beim Begriefnis vum langjährege Paschtouer J.-P. Reichling zu Osper derbäi.

Den 9. Mee 1945 gouf an der éischter Generalversammlung nom zweete Weltkrich de Komitee, deen an der Generalversammlung vum 7. Januar 1940 gewielt gi war, eestëmmeg bestätegt. Et waren dëst d’Hären J.-P. Hilger, Präsident, J.-B. Gaasch, Vizepräsident, Nic. Jung, Sekretär, Vic. Hames, Keessier, P. Scheer, J.-P. Dondlinger an J.-P. Schumann, Memberen. Éischten Optrëtt nom Krich war d’Befreiungsfeier op Päischtsonndeg 1945, wou de Gemengerot an d’Stats- a Gemengebeamten vun der Musek bei der Schoul (haut d’Gemengenhaus) ewechgeholl gi sinn a bis bei d’Kierch begleet goufen. No der Mass war dann och um Kierfech eng Trauerfeier fir déi am Krich verstuerwen Éirememberen. Ee vun den aktive Memberen, den Alphonse Kalmes, blouf a Russland vermësst.

Déi zwee Ersatzdirigenten blouwen op hirem Posten, zu deeneselwechte Konditiounen wéi 1937. Och d’Ausflich an d’Manifestatiounen an der Gemeng goufen no aller Traditioun bäibehalen.

Ëm 1950 gëtt eng allgemeng Veräinsmiddegkeet festgestallt an et get proposéiert d’Direktioun vun 1951 un erëm engem Berufsmuseker, dem Militärmuseker Josy Comes unzevertrauen. Dat Joer gëtt dann och bei der Reckenger Kierch d’“Monument aux Morts“ ageweit.

1952 gouf op Virschlag vum Dirigent d’Harmonie an eng Fanfare ëmgewandelt. Et huet déi Zäit akut u Klarinette gefeelt an d’Melodie gouf vum Holz an de Blech verluegt. Den éischten offiziellen Optrëtt vun der „Fanfare Reckange-Roedgen“ war de Kiermesconcert vum 27. Abrëll. Dësem Concert viraus ass natierlech den traditionellen Hämmelsmarsch gaangen. D’Musek war méi spéit am Joer zu Beetebuerg beim Ëmzuch vum Erntedankfest derbäi an och erëm zu Reckeng bei der Grondsteenfeier vun der neier Schoul. Wéi all Joer huet d’Musek och um Nationafeierdag gespillt, déi Zäit nach am Januar bei déifsten Temperaturen.

Bedingt duerch den neien Numm, mä och wéinst hirem Alter, gouf an der Generalversammlung vum 17. Oktober 1953 beschloss deen ale Fändel vun 1906 an d’Pensioun ze schécken. Hie war bei ville flotte Feieren derbäi, mä och bei manner flotte Saachen, wéi zum Beispill de Begriefnisser. 1954 huet de Jean Nilles de Josy Comes um Dirigenteposten ofgeléist.

 

No 50 Joer …

Fir 1954 de Cinquantenaire mat Fändelsaweiung ze feieren gouf en Organisatounskomitee mat folgende Leit op d’Bee gestallt: Christophe Petry, Präsident, Eugène Fondeur, Vize-Präsident, Fernand Bamberg, Sekretär, Victor Müller, Keessier, Jos Hilger, Edmond Kremer, Pierre Sondag an Nic. Steichen, Memberen. D’Fändelsaweiung war den 11. Juli 1954. Nomëttes ware Cortège a Concerten vun befrënnte Gesellschaften.

Datselwecht Joer war d’Musek och beim 50-jährege Stëftungsfest vun der Suessemer Musek derbäi an och beim Kantonaldag vun de Pompjeeën zu Schuller. Eng Geldlotterie huet d’Finanzen vun der Musek e bësse verbessert an et ënnert anerem erlabt, déi éischt Uniforme fir d’Reckenger Musek unzeschafen.

1956 war de Veräin beim Vollekslidderowend vun der Chorale Ste Cécile Reckange-Roedgen, bei der Fändelsaweiung vun der Schuller Musek an och bei der Aweiung vun der Ehlenger Schoul derbäi. Dat Joer duerno war dunn d’50-jähregt Stëftungsfest vun der Harmonie Zolver. An der Gemeng huet d’Musek och bei der Feier fir 25 Joer Reckenger Gesank matgewierkt. D’Generalversammlung vum 16. November 1957 huet dee vakanten Dirigenteposten eestëmmeg un den Här Norbert Pegel iwwerdroen. Déi ganz Joren duerch war d’Musek natierlech ëmmer bei deenen traditionellen Duerfaktivitéiten derbäi, ouni dass dat hei alles opgefouert ass.

Den 29. Juli 1959 war d’Fanfare Reckange-Roedgen op den UGDAs-Concours op Téiteng, wou se an d’Divisioun IIIB mat der Mentioun „très bien“ klasséiert gouf. Dat Joer war och en Austauschconcert zu Schuller.

1960 gouf d’Schoul zu Lampech mat der Bedeelegung vun der Musek ageweit. Dat Joer duerno hëlleft se den Noperen zu Leideleng hire Museksall aweihen. 1961 war och en Ausfluch vun 2 Deeg un de Rhäin. 1962 war d’Musek bei der Fändelsaweiung vun den Ehlenger Pompjeeën an och méi spéit bei hirer Kantonalübung. Den Ausfluch huet dat Joer 2 Deeg an d’Vogese gefouert. 1962 war e Museksfest zu Zolwer a Fändelsaweiung bei der Musek Hënchereng-Näerzeng-Fenneng. Mam Mammendagsconcert get eng Traditioun ugefaangen. Dëse Concert gouf ëmmer ofwiesselnd vun der Musek a vum Reckenger Gesank organiséiert An och de Chrëschtconcert war eng laang Zäit e feste Bestanddeel vum Joresprogramm. 1965 krutt de Paschtouer Matthias Schomer Äddi gesot an den neie Paschtouer Georges Gevigné gouf agefouert.

Den Ausfluch goung 1965 op Iechternach, dat Joer duerno fir 2 Deeg an Holland. Och op d’belsch Plage sinn Ausflich gemaach ginn, sou zum Beispill op Antwerpen am Juli 1971.

Mëtt Abrëll 1967 hunn Solfège-Coursen ënnert der Leedung vum Dirigent Norbert Pegel ugefaangen. Dës Coursen sollten immens wichteg sinn fir nei Musikanten op d’Pulter vun der Musek ze kréien.

An der ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 29. November 1967 demissionéiren aus gesondheetleche Grënn folgend Leit: de J.-P. Hilger, säit 1927 Präsident, den Nicolas Jung, säit 1932 Sekretär an den J.-P. Bosseler, säit 1929 Keessier. Bei dëser Erneierung gof den deemolege Vize-Präsident Jos Schumann Präsident, de J.-P. Dondelinger Vize-Präsident, den Erny Neiertz Sekretär, de Josy Bosseler Keessier an d’Häre René Braun, Jean Heymanns, J.-P. Schumann, Josy Schumann, Arthur Waltzing a Marcel Wester Membere vum Komitee.

Déi nei Schoul zu Ehleng gouf och dat Joer ageweit. Eng Geldlotterie a verschidden anonym Spender erlaben der Musek nei Instrumenter ze kafen. Och d’Union des Jeunes vu Reckeng iwwerreecht der Musek e Baryton well si de Sall fir eng Theateropféierung geléint haten.

1968 gouf decidéiert déi al Uniformen duerch neier ze ersetzen. D’Leidelenger Musek feiert hire 75te Gebuertsdag. Nom Motto „Musik trägt am meisten zur Verbrüderung der Völker bei“ (Rubinstein), war d’Reckenger Musek bei der 10-Joer-Feier vun der Museksgrupp vun der katoulescher Jugend Würm an der 60-Joer Feier vum Sportveräin Würm-Busk an Däitschland mat derbäi. Dëse Kontakt sollt während praktesch 10 Joer als Austausch bei der spéiderer Kavalkad, bestoe bleiwen.

Während dem Bau vun der neier Spillschoul zu Reckeng huet d’Musek direkt der Gemeng hire Sall als Ersatz zur Verfügung gestallt. De Sall gouf dann och mat der finanzieller Hëllef vun der Gemeng renovéiert.

1969 feiert d’Musek hirt 65-jähregt Bestehen mat enger Mass, Concerten, engem Cortège an enger Festschrëft. Den Organisatiounskomitee huet deemools aus folgende Leit bestanen: Jean Bissener, Paul Felten, Raymond Hengesch, Albert Kohl, Ferdinand Michaelis, Ferdinand Scheuer an Emile Weis.

De Meekranz gëtt erëm, no enger gewësser Paus, säit 1971 gebonnen. Dëst ass e flott Fest fir d’Musikanten an hir Familljen. Eng Zäit méi spéit gouf den 1te Mee zesumme mat der Union des Jeunes gefeiert.

1972 huet en neie Komitee ënnert dem Präsident Erny Osch fir nei Uniforme gesuergt, déi sämtlech Strapazen bis zum Centenaire 2004 sollten iwwerstoen. Dat Joer duerno huet den Dirigent gewiesselt. De Jean-Marie Reding huet dëse Posten vum Norbert Pegel iwwerholl a sollt en iwwer 20 Joer net méi verloossen. 1975 gouf e Gemeinschaftsconcert mat der Garnecher Musek, déi och vum Jean-Marie Reding dirigéiert gouf, gespillt.

Concerten sinn des öfteren zu Veianen an zu Beetebuerg am Park gespillt ginn, dëst ëmmer mat engem klengen Ausfluch verbonnen. Mat Trënteng huet och en Austausch bestanen. Eng besser Finanzlag, deelweis duerch e Lottozousazspill erreecht, huet et méi spéit erlaabt Ausflich op Venedig (19.-22.07.1975) a Wien (15.-20.07.1978) ze organiséiren.

Ënnert der Leedung vum Schoulmeeschter Paul Felten gouf eng Theatersektioun gegrënnt. A säit 1973 gëtt praktech all Joer en neit Theaterstéck opgefouert. (à Kronik vun deene leschten 30 Joer Theater vun der Reckenger Musek)

1975 gouf déi nei Morgue zu Reckeng ageweit. D’Musek war och bis 1976 bei der Oktav-Prossessioun an d’Stad vertrueden. 1976 krut de Paschtouer Beck Awar gesot an de Paschtouer Schneider gouf begréisst. Dat Joer duerno war d’Aweiung vum Altor vun der Riedger Kapell. D’Ceciliendag gouf eng ganz Zäit lang och ëmmer e puer Stécker an der Kierch gespillt. Dës Traditioun ass awer lues a lues vum Manifestatiounskalenner vun der Musek verschwonnen.

Enn vun de 60er Joren ass ugefaange ginn Halleffaaschten en Fuesends-Ëmzuch ze organiséiren, aus deem déi spéider Kavalkad entstoe sollt, a wou alt emol bis zu 3000 Leit op Reckeng komm sinn. An enger éischter Zäit huet samschdes virum Ëmzuch eng Kapesëtzung am Museksall stattfond. Iwwer 20 mol ass d’Kavalkad zu Reckeng ofgehale ginn, woubäi d’Haaptorganisateuren d’Reckenger Musek, d’Union des Jeunes an de Gesank waren. Si hu spéider och aner Veräiner mat an d’Organisatioun era geholl. (à Historik vun der Kavalkad) Mä och wann d’Musek net selwer organiséiert huet, war si ëmmer mat derbäi, mat engem Won an enger Grupp um Ëmzuch oder och um Virowend fir d’Prënzepuer ze empfänken. Och zu Schëffleng, zu Esch, zu Dikrech an zu Monnerech war d’Musek bei Ëmzich derbäi (sou 1989 zu Schëffleng als „Schneewittchen und die 7 Zwerge“).

1977 war d’Musek beim 10-jährege Bestehen mat Fändelsaweiung vum Basketsveräin BCMess derbäi an de Schoulpavillon zu Reckeng gouf ageweit.

Am Mee 1978 goung de Veräin eng zweeten, a fir de Moment leschte Kéier, op den UGDAs-Concours. Zu Dikrech huet d’Musek ënnert dem Jean-Marie Reding sech mat engem éischte Präis an der 3. Divisioun, éischt Sektioun, klasséiert.


Mat 75 Joer …

Nom Concours ufanks vun den 80er Joren war och erëm eng gewësse Veräinsmiddegkeet festzestellen. Mä et kann ee soen, dass d’Musek säit jehier mat engem Minimum vu Musikanten auskënnt an och auskomme muss.

Et gouf och e sougenannten „mois culturel“ an d’Wee geleet. D’Nationallotterie ass zu Reckeng gezu ginn, ënner anerem bei der 75-Joer Feier vun der Musek. An deem Kader sinn dann och 1979 eng Musekswoch, en Zeltfest an och eng Fändelsaweiung duerchgezu ginn.

Den Organisatiounskomitee vun der 75-Joer Feier huet bestanen aus:

Präsident:                               Rischette Marcel

Vize-Präsident:                        Felten Paul

Sekretär:                                Colbach Mme

Bäigeuerdneten Sekretär:         Simon Mme

Keessier:                                 Gindt Mme

Memberen:                              Greiveldinger J.-P.

                                              Haine Jean

                                              Lesch Roger

                                              Scholtes Pierre

                                              Schumann Jos

                                              Thomas Jean


A méi oder manner regelméissegen Ofstänn goufen ëmmer och déi fréier Musikanten op e Konveniat zesummegeruff. Eng Clique (Trommlergrupp) gouf op d’Bee gestallt. D’Jugend vun der Musek war ëmmer ganz aktiv mat Organisatioune wéi Gänsespill an och Rallyen (Bléiserrallye) souwéi Fues- an aner Diskoen.

En Ausfluch an d’Bretagne vum 17. bis den 22. Juli stung 1982 um Programm; Vakanz an Italien am Juli 1985.

50 Joer Reckenger Kierch goufen 1983 gefeiert an 1989 waren d’150-Joer Onofhängegkeets-Feieren vum Land.

Cortègen fir Kommioun, Firmung an och Nationalfeierdag gehéiren zum feste Programm vum Veräin. Bei de Kommiounen an deene verschiddenen Dierfer gouf oft no der Mass, respektiv no der Vesper, e klenge Marschconcert presentéiert. Och bei der „Journée Commémorative“ ass d’Musek ëmmer derbäi. Säit 1993 empfängt de Veräin de Kleeschen niewt Reckeng och zu Riedgen.

Säit 1983 ass de Chrëschtowend (och Träipefest genannt) erëm all Joer den 2te Weekend am Dezember, oft verbonne mat engem Krëppespill, enger Diplomiwwerreechung oder och engem Hobbymaart. Dësen Owend ass an sech aus dem Chrëschtbal entstanen deen eng lang Zäit em Chrëschtdag organiséiert gouf. Bis Ufanks vum neie Jorhonnert gouf dann och regelméisseg en Duerffest (Wisefest) am Summer organiséiert. 1990 gouf souguer en Zeltfest ënnert dem Motto Mee-Nueten zu Reckeng opgezun (als Kompensatioun fir d’Kavalkad).

Gala-Concerten goufen och organiséiert, sou zum Beispill 1987 am alen Turnsall an 1992 mat engem europäesche Programm. Austausch- an aner Concerten sinn zu Duelem, Bouneweg, Bartreng, Keel, Leideleng, Monnerech, Sëll, Holtz, Hamm, Nidderkuer, Hëpperdang, Éilereng, Munneref, Lasauvage asw. gespillt ginn. De Concert op der Plëss gehéiert säit 1980 zur Traditioun. Concerten goufen och zu Trënteng, zu Buer, zu Canech, zu Veianen, an der Fiels, zu Fenteng, zu Rodange an zu Koplescht gespillt a waren oft mat engem Ausfluch verbonnen. 1988 an 1993 ass d’Reckenger Musek souguer um Valentins-Cortège zu Esch fir Rousen ze verdeelen. Am Februar 1994 spillt d’Reckenger Musek um indesche Basar an der Stad. Um Parfest zu Esch (St. Joseph) ass d’Reckenger Musek vun 1983 un regelméisseg vertrueden. Souguer Kierchhunnen si mat der Musek ageweit ginn, sou 1992 zu Reckeng an 1993 zu Ehleng. Am Mee 1996 war d’Aweiung vun der Uergel an der Reckenger Kierch drunn.

An enger Spillerversammlung (10. November 1994) gouf den Dirigentewiessel vum Jean-Marie Reding op de Germain Thomas virbereed. Am September 1995 huet heen den Dirigentebengel iwwerholl. Beim Optakt-Concert am März 1996 war dunn déi offiziell Iwwerreechung vum Dirigentebengel. De Germain Thomas war säit 1977 aktiv mat derbäi a säit der Generalversammlung am Januar 1992 Sous-chef vun der Musek.

D’Musek huet ëmmer versicht an allen Dierfer aus der Gemeng a vu ronderëm matzehëllefen. Sou war si nach bis an d’90er Joren eran zu Ehleng bei Prossessiounen derbäi an huet och um Bretzelsonndegëmzuch zu Lampech matgewierkt. D’Musek war dann och zum Beispill bei der 10-Jores-Feier vun de Fliischteschësser derbäi. Si huet sech och bei Fussballsturnéier, bei Spill ouni Grenzen, bei Stréifestival a bei Seelzéien versicht; war awer och zum Beispill beim „Heemount wéi fréier“ zu Riedgen derbäi, deelweis souguer mat an der Organisatioun. Zu Riedgen gëtt dann och nach bal all Joer e Concert gespillt. Fir d’kleng Kirmes zu Reckeng ass 1988 fir d’éischt erëm e Concert gespillt ginn (esouguer mat Fräibéier). Heiraus sollt den „Dîner-spectacle“ entstoen, deen 2002 ënnert dem Motto „Notte Italiana“, 2003 als „Soirée Française“ an 2004 als „Lëtzebuerger Owend“ organiséiert ginn ass.

1997 war den Abschied vum Paschtouer Schneider. 1998 an 1999 goufen Proufweekender zu Klierf an zu Bilschdref ofgehalen. Den 30. September 2001 ass d’Musek mat enger Delegatioun beim Hommage vun der UGDA fir de Grand-Duc Jean an der Neier Avenue an der Stad mat derbäi.

Och mam Moto-Club gouf vun Zäit zu Zäit zesummegeschafft, sou 1997 – 1999 bei Cabaret a Sketcher. 2000 an 2001 si Concerten op hirem Oktoberfest zu Pisseng gespillt ginn.

Den 19. September 1998 gouf d’Duerfplaz „Um Bur“ zu Ehleng ageweit. D’Musek huet och der Bunn e Ständchen bei der 100-Joer Feier vun der Linn Péiteng-Lëtzebuerg op der Dippecher Gare gespillt. 2001 gouf dann och d’Sportshal zu Reckeng ageweit.

De Fonds de Gras war och e beléiftent Ausfluchszil vun der Musek (1986 zum Beispill). 1988 goung et op Daun. 1994 war d’Zil vum Ausfluch dat not Frankräich mat Amnéville (Zoo, Park) an enger Visite vun der „Ligne Maginot“. 1995 war d’Musek an d’Phantasialand op Brühl. De 05. a 06. Abrëll 1997 goung et op Düsseldorf/Bochum fir de Musical „Starlight Express“ ze kucken. Op Erhuelung war d’Musek e bësse méi spéit (13.-14.04.2001) an der Belsch am Center Park. 2003 (13.-14.09.) war erëm e Musical um Programm: „Miami Nights“ zu Düsseldorf.

An der ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 21. Januar 1995 gouf mat neie Statuten déi gesetzlech Lag vun der Musek kloergestalt an eng Asbl (Association sans but lucratif) gegrënnt. Als Numm gouf „Reckenger Musek asbl“ zeréckbehalen mat 13 Stëmmen virun „Fanfare Reckange/Mess asbl“ mat 5 Stëmmen an „Fanfare Reckange/Roedgen asbl“ mat 2 Stëmmen.

 

Präsidenten a Vize-Präsidenten

Stellvertriedend fir d’Leit déi sech am Komitee em d’Geschécker vun der Reckenger Musek beméit hunn, soll hei d’Lëscht vun de Präsidente a Vize-Präsidenten opgefouert ginn: 

 

Präsidenten:

Kieffer Jean 1904-1911
Hentgen Alb.  1911-1915
Anton Ed. 1915-1919
Bosseler Vic. 1919-1923
Miltgen Alph. 1923-1927
Hilger J.-P.  1927-1967
Schumann Jos. 1967-1972
Osch Erny 1972-1987
Wolff Norbert 1987-2005
Huberty-Krau Pierrette 2005-2018
Christophory Patrick 2019-

 

 

Vize-Präsidenten:

 Greten Ferd.  1904-1907
 Knepper Eg.  1907-1909
 Wester J.-P.   1909-1915
 Kettenmeyer Alph.  1915-1918
 Gaasch J.-B.  1918-1947
 Dondlinger J.-P.  1947-1950
 Greten Eg.  1950-1952
 Schumann Jos.   1952-1967
 Dondlinger J.-P.  1967-1981
 Colbach Rol.  1981-1984
 Wolff Norbert  1984-1987
 Kettmann Dëm  1987-1988
 Wester Marcel  1988-1999
 Schumann Vic.  1999-2001
 Wester Marcel  2001-2010
 Guerkinger Arsène  2011-2019
 Schmit Anne  2019-

 

Historik vun der Kavalkad

1967 Reckenger Musek: Éischt Ufänk

24.03.1968 Reckenger Musek: Ëmzuch duerch d’Gemeng op Halleffaaschten mat Bedeelegung vun der Union des Jeunes

16.03.1969 Reckenger Musek: Ëmzuch mat Hëllef vun de Pompjeeën, der Union des Jeunes an dem Gesank (1 Won pro Veräin)

08.03.1970 Ëmzuch op Halleffaaschten mat Musek an de Wiertschaften vun der Gemeng

12.03.1972 Reckenger Musek: 5. Kavalkad mat Hëllef vun der Union des Jeunes an dem Gesank

01.04.1973

Reckenger Musek: 6. Kavalkad

24.03.1974 Reckenger Musek: 7. Kavalkad mat Bal an 3 Säll an engem karnevalisteschen Owend den 23.03.1974 am Museksall
09.03.1975 Union des Jeunes a Gesank Reckeng: 8. Kavalkad mat Zigeinerbal (Mer trämpen op der Mess) an enger Fueszeitung ("Petit Beurre")
28.03.1976 Gesank an Union des Jeunes Reckeng: 9. Kavalkad mam Prënzepuer Sylvie I + Aloyse I, mat engem Zeltfest um Baskets-Terrain an enger Brochure
20.03.1977 Reckenger Musek an Ehlenger Pompjeeën: 10. Kavalkad mam Prënzepuer Jean I + Josette I, mat engem Zeltfest an enger Brochure
05.03.1978 Union des Jeunes a Reckenger Musek: 11. Kavalkad mam Prënzepuer Lucien I + Léa I, mat engem Zeltfest an enger Brochure "Reckenger Fuesend"
25.03.1979 Gesank Reckeng an Hobby-Fëscher Reckeng: 12. Kavalkad mam Prënzepuer Georges I + Monique I, mat engem Zeltfest an enger Fueszeitung "Quatsch", wou d’Tatta Ketti an de Monni Batti dran optauchen
16.03.1980 Reckenger Musek an Union des Jeunes: 13. Kavalkad mam Prënzepuer Jean II + Monique II, mat engem Zeltfest an enger Fueszeitung "Fueskâp"
29.03.1981 Union des Jeunes a Reckenger Musek: 14. Kavalkad mam Prënzepuer Nico I + Lydie I, mat engem Zeltfest an der Fueszeitung "Fueskâp"
21.03.1982 Gesank Reckeng a Copains de la Mess Ehleng: 15. Kavalkad mam Prënzepuer Eugène I + Liliane I, mat engem Zeltfest an enger Fueszeitung
13.03.1983 Reckenger Musek an Union des Jeunes: 16. Kavalkad mam Prënzepuer Armand I + Roly I, mat engem Zeltfest an der Fueszeitung "Fueskâp"
01.04.1984 Union des Jeunes a Reckenger Musek: 17. Kavalkad mam Prënzepuer Emile I + Jeanne I, mat engem Zeltfest an der Fueszeitung "Fueskâp"
17.03.1985 Gesank Reckeng, Hobby-Fëscher Reckeng a Keeleclub Amicale Reckeng: 18. Kavalkad mam Prënzepuer Norbert I + Léontine I, mat engem Zeltfest an der Fueszeitung "Reckénger Fuesend"
09.03.1986 Reckenger Musek a Lampecher Fliichteschësser: 19. Kavalkad mam Prënzepuer Guy I + Edmée I, mat engem Zeltfest an der Fueszeitung "Fueskâp"
29.03.1987 Union des Jeunes Reckeng a Basket Klub BCMess: 20. Kavalkad mam Prënzepuer Thomy I + Martine I, mat engem Zeltfest vun 3 Deeg an der Fueszeitung "Geckénger Pöti Bör"
13.03.1988 Reckenger Musek a Lampecher Fliichteschësser: 21. Kavalkad mam Prënzepuer Fränz I + Milly I, mat engem Zeltfest an der Fueszeitung "Fueskâp"
05.03.1989 Union des Jeunes Reckeng a Basket Klub BCMess: 22. Kavalkad mam Prënzepuer Edmond I + Sylvie II, mat Zeltfest a Fueszeitung

    

D’Fändele vun der Reckenger Musek

Deen éischte Fändel gouf 1906, also 2 Joer no der Grënnung vun der Reckenger Musek ugeschaft. Hie war dräieckeg an aus roudem Samet. Ënnert enger Lyra war en Nouteblat agestéckt mat den Ufanksnouten vun der „Heemecht“ an dorënner, a Goldbuschtawen, den Numm „Harmonie Reckange-Roedgen“ an d’Joreszuel 1906.

  

Den 9. Februar 1954 gouf iwwert d’Form vum zweete Fändel ofgestëmmt: Flatterfändel oder Dreiecksform. Well no zweemol Ofstëmmen nach ëmmer Gläichheet bestanen huet, huet deen deemools jéngste Member, den Emile Weis, d’Form duerch d’Lous gezunn. Eraus komm ass d’Dräiecksform, wéi se och schon deen éischte Fändel hat. D’Faarw sollt gring ginn. Ënnert enger Lyra mat der Zuel 50 gouf nach eng Kéier d’Thema vun der „Heemecht“ an Nouteform iwwerholl. D’Inschrift weist den deemoolege Numm vun der Musek: „Fanfare Reckange-Roedgen 1904-1954. D’Fändelsaweiung war den 11. Juli 1954. Giedel a Pätter vum neie Fändel, deen am Atelier Bernard-Kauffman an der Stad produzéiert gouf, waren d’Madamm Dondlinger-Rollinger an den Här Joseph Heymanns vu Reckeng.

 

Pätter a Giedel vum drëtte Fändel 1979 sinn d’Damme Rischette vu Lampech a Schroeder vu Pisseng an d’Hären Colling vu Reckeng an Hentgen vu Riedgen. Wéi d’Zäit et wollt, krut en d’Form vun engem Flatterfändel, deen déi eng Säit d’Faarwen rout, wäiss a blo vum nationale Fändel iwwerhëllt, eng Lyra an den Text: „Fanfare Reckange-Roedgen 1904-1979“, an deen déi aner Säit d’Reckenger Kierch mam Wopen vum Escher Kanton op orangem Fong weist. Och dëse Fände gouf am Atelier Bernard-Kauffman an der Stad produzéiert. Déi offiziell Fahnenweif war de 15. Juli 1979.

 

Fir d’Form vum véierte Fändel ze bestëmmen, gouf an der Spillerversammlung vum 23. Dezember 2002 ofgestëmmt. D’Musikanten hu sech erëm fir déi klassesch Dräiecksform entscheed. Den Design gouf der Künstlerin Mariette Flener-Muller vu Riedgen uvertraut. D’Motiv op bloem Fong berifft sech op de Logo vun der Reckenger Musek, dee sengersäits eng musikalesch Form vum Wopen vun der Reckenger Gemeng duerstellt. D’Mess geet awer um Fändel iwwert de Rand vum Wopen eraus sou wéi si dat och a Wierklechkeet mécht. An och D’Instrumenter weisen, dass d’Musek iwwert d’Grenze vun der Gemeng eraus d’Mënsche matenee verbënnt.